E Mëttwoch de 5. Abrëll 2006 huet d'Chamber deem neie Gesetz zum Asylrecht ouni Amendementen zougestëmmt. Äer Ennerstëtzung bleiwt iwwert dësen Datum eräus wichteg!
Pétitioun géint den Gesetzesprojet N°543713 zum Asylrecht zu Lëtzebuerg
Den 20. Dezember 2005 ass e Gesetz iwwer d’Asylrecht an der Chamber gestëmmt
ginn, wat virgesäit d’Prozeduren ze verkierzen, an doduerch eng Rei vu Bestëmmungen
a Kaf hëllt déi souwuel d’Mënscherechter wéi d’Prinzipien vun eiser eegener
Verfassung a Fro stellen.
De Statsrot huet dofir „opposition formelle“ ageluecht an den 5. Abrëll 2006
huet d’Chamber eng zweete Kéier iwwert dat Gesetz ofgestëmmt.
Problematesch un deem Gesetz si folgend Punkten:
D’Gesetz gesäit fir, datt et keen „Droit de recours“ gëtt wann d’Décisioun zur
Asylufro vum „Tribunal administratif“ respektiv vum Minister am Kader vun enger
„procédure accélérée“ geholl gouf. Dëst widdersprécht engem Basisprinzip vun der Demokratie a stellt een geféierlechen Präzedenzfall duer.
Et ass méiglech déi Asylbewerber, déi hir Identitéit net beweise kënnen oder wëllen,
bis zu 12 Méint an engem „Centre de rétention“ anzespären (art. 10). D'Commission
consultative des Droits de l'Homme fënnt datt dës Regelung géint d’Convention de sauvegarde des Droits de l'Homme et des libertés fondamentales (CEDH) verstéisst.
Den Haut-Commissariat des Nations Unies pour les réfugiés „considère la détention
de demandeurs d'asile comme indésirable en soi“ a schléit vir Alternativen ze fannen,
„telles le placement en centre de réception, avec, le cas échéant une limitation de
mouvement“. Kontakt mat der Aussewelt soll erhale bleiwen an eng psycho-sozial
Betreiung misst garantéiert ginn. Bis ewell sëtzen déi Leit bis eng definitiv Décisioun geholl gëtt am „centre de rétention“ zu Schrassig am Prisong. De geplangtenen separaten „Centre de rétention“ bidd awer just
eng Scheinalternativ: d'Gefor besteet datt déi Moossnam zu enger willkürlecher
administrativer Zwangsmesure gëtt. Dat widdersprëcht dann dem Artikel 14 vun der Lëtzebuerger Verfassung („Nulle peine ne peut être établie ni appliquée qu'en vertu de la loi“), sou de Statsrot.
D'Gesetz gesäit vir, datt all Asylbewerber 9 Méint laang, nodeems en seng Demande
ragereecht huet, vum Aarbechtsmaart ausgeschloss bleiwt (art. 14). Dat obwuel de
Rapport vun der Commission de Travail et kloer mécht, datt „d’un point de vue
humain et psychosocial, il est tout à fait inacceptable de laisser le demandeur durant
une longue période dans l'incertitude sur son statut tout en le réduisant à une oisiveté
forcée et prolongée“.
Mat dëser Petitioun wëlle mir NEE soen zum Gesetz iwwer d’Asylrecht an un eis
Deputéierten appeléieren d’„opposition formelle“ vum Statsrot an d’Awänn vun
internationale Mënscherechtsorganisatiounen eescht ze huelen an dat Gesetz an der
jëtzeger Form net gudd ze heeschen.
Initiatoren: Sonja Kmec (sonja.kmec@uni.lu), Christian Dessouroux (cdessouroux@yahoo.com), Benoît Majerus (benoitmajerus@yahoo.com), Anne Schiltz (aschiltz@ulb.ac.be)